You need to enable JavaScript in order to use the AI chatbot tool powered by ChatBot Inclusion scolaire

All d’Hëllefsmoossnamen fir Schüler mat spezifesche Besoinen

Grondschoul

All Schüler ka vun Hëllefsmoossname profitéieren, wann e spezifesche Besoinen huet, zum Beispill Schwieregkeeten, am Unterrecht matzehalen.  Dës Hëllefsmoossname ginn u seng individuell Situatioun ugepasst. Esou kann de Schüler, sou wäit wéi méiglech, zesumme mat senge Schoulkomeroden um regulären Unterrecht deelhuelen.

Méi dozou

Secondaire

Wann e Schüler am Lycée spezifesch Besoinen huet, kënnen him verschidden Hëllefsmoossnamen ugebuede ginn. Dës Moossname ginn u seng individuell Situatioun  ugepasst a sollen him erméiglechen, sou wäit wéi méiglech, um regulären Unterrecht deelzehuelen.

Méi dozou

Kommissiounen

D’Inklusiounskommissiounen, d’Commission nationale d’inclusion (CNI) an d’Commission des aménagements raisonnables (CAR) begleede Schüler mat spezifesche Besoinen an Zesummenaarbecht mat den Elteren an dem zoustännege Fachpersonal. Si definéieren a proposéiere Moossnamen, déi op d’Besoine vun de Schüler ofgestëmmt sinn.

Méi dozou

Kompetenzzentren

D’spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre riichte sech u Schüler mat spezifesche Besoinen an hir Elteren, déi zousätzlech zu de Moossnamen, déi an der Grondschoul oder am Secondaire ugebuede ginn, Hëllef an Usproch huele wëllen.

Méi dozou

Fannt séier an einfach d’Informatiounen, déi Dir sicht

Ass et méiglech, eng Demarche online an d'Weeër ze leeden?
Als Elterendeel oder groussjärege Schüler kënnt Dir verschidden Demarchen online an d'Weeër leeden an déi zoustänneg Kommissioun mat Ärer Demande befaassen, fir datt d'Besoinen analyséiert a gëeegent Moossnamen ageleet kënne ginn. D'Online-Demarchë mussen iwwer myeduguichet.lu agereecht ginn, eng geséchert Plattform vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi fir Elteren a groussjäreg Schüler aus dem Lëtzebuerger Educatiounssystem zougänglech ass.
Wat fir eng Moossname kënne vun enger CI proposéiert ginn?
An der Grondschoul kann eng CI jee no de Besoine vum Schüler Follgendes virschloen:
  • Upassung vum Unterrecht an der Klass;
  • Ariichte vu räsonabelen Amenagementer;
  • Participatioun vum Schüler un Entwécklungs- a Léieratelieren;
  • Ënnerstëtzung an der Klass duerch Membere vun der Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB);
  • Unterrecht vu bestëmmte Fächer an enger anerer Klass ewéi der Classe d'attache.
Am Lycée kann eng CI jee no de Besoine vum Schüler Follgendes virschloen:
  • Upassung vum Unterrecht an der Klass;
  • Upassung vum Inhalt vum Unterrecht;
  • Appui;
  • Betreiung vum Schüler duerch d'Ekipp fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB);
  • Ariichte vu räsonabelen Amenagementer;
  • deelweis oder komplett Ëmorientéierung op aner Bildungsweeër oder spezialiséiert Klassen.
Stinn d'räsonabel Amenagementer um Diplom?
D'räsonabel Amenagementer stinn net op de Certificaten an den Diplomer, déi fir all d'Schüler, déi d'Prüfunge bestan hunn, identesch sinn. Op den Zousätz zu den Diplomer an de Certificaten esouwéi op de betreffenden Zensure sti follgend räsonabel Amenagementer:
  • systematesch Notzung vun technologeschen Hëllefsmëttel;
  • Benotzung vun enger anerer Sprooch (Däitsch oder Franséisch) ewéi déi, déi an de Programmer festgeluecht ass;
  • Dispense fir mëndlech, praktesch oder kierperlech Prüfungen oder fir e Modüll;
  • Amenagementer a Bezuch op en Haaptfach vun der Ofschlossklass oder den integréierte Projet.