You need to enable JavaScript in order to use the AI chatbot tool powered by ChatBot Iwwer eis – Inclusion scolaire

De Service national de l’éducation inclusive (SNEI)

De Service national de l’éducation inclusive (SNEI) ass eng Verwaltung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi d’Missioun huet, déi inklusiv Educatioun ze fërderen an d’Qualitéit vum Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen sécherzestellen.

Eis Missiounen

Promotioun vun der inklusiver Educatioun

De SNEI sensibiliséiert fir inklusiv Educatioun, informéiert iwwer den Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen a koordinéiert an organiséiert Aktivitéiten, Projeten an Evenementer am Zesummenhang mat inklusiver Bildung an dem Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoine.

Qualitéitsentwécklung vum Ënnerstëtzungssystem

De SNEI vernetzt d’Akteuren vum Ënnerstëtzungssystem, organiséiert an ënnerstëtzt Projeten, déi an Zesummenaarbecht tëscht den eenzelnen Akteuren entstinn, engagéiert sech an der Grond- a Weiderbildung,  setzt Forschungs- an Evaluationsprojeten ëm, stellt Donnéeën a Statistiken zesummen a schafft Recommandatiounen an e Referenzkader aus fir den Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen.

Uspriechpartner fir d’Akteure vum Ënnerstëtzungssystem

De SNEI ënnerstëtzt als Uspriechpartner déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren, d’Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA), d’Ekippen fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB), déi spezialiséiert Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS) an d’Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS).

Eis Kontaktdaten
Service national de l’éducation inclusive (SNEI) 33, Rives de Clausen L-2165 Luxembourg (+352) 247-85180 snei@men.lu
Pressekontakt Myriam Bamberg (+352) 247-85252 press@men.lu