Wat fir Moossname ginn et?
D’spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre kënne verschidde Moossname proposéieren, fir op dem Schüler senge Besoinen anzegoen :
U wie kann ee sech wenden ?
Fir weider Informatiounen iwwer déi disponibel Hëllefsmoossnamen kënnt Dir Iech un déi folgend Persounen oder Servicer wenden :
Grondschoul
Fir d’Grondschoule kënnt Dir Iech un den Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS) vun der Schoul oder un d’Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) an un d’Inklusiounskommissiounen (CI), déi un déi regional Grondschouldirektiounen attachéiert sinn, wenden.
Secondaire
Fir de Secondaire kënnt Dir Iech un d’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) oder un d’Inklusiounskommissioun (CI) vum Lycée wenden.
Groussjäreg Schüler an Eltere
Groussjäreg Schüler an d’Eltere kënne sech och direkt un d’Kompetenzzentre wenden, fir ausféierlech beroden ze ginn oder, wann déi betraffe Parteien dat als sënnvoll betruechten an alleguer averstane sinn, fir eng spezialiséiert Diagnos erstallt ze kréien.