D’Inklusiouns-kommissiounen an der Grondschoul
All regional Grondschouldirektioun huet eng Inklusiounskommissioun (CI).
Si ka vun den Elteren oder dem Léierpersonal mam schrëftlechen Accord vun den Elteren an Usproch geholl ginn.
D’Aufgab vun der Inklusiounskommissioun (CI) besteet doran:
- d’Elteren iwwer déi verschidde Betreiungsmoossnamen ze informéieren
- dem Schüler wann néideg déi entspriechend gëeegent Moossnamen ze proposéieren
- d’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) vun der Regionaldirektioun ze beoptragen, eng Diagnos vun de Besoine vum Schüler ze erstellen.
Dës Moossname ginn am Schüler sengem individualiséierte Betreiungsplang, dee vun der CI zesumme mat den Elteren ugeholl gëtt, festgehalen.
D’CI suergt fir d’Ëmsetzung vum individualiséierte Betreiungsplang an evaluéiert en all Joer, fir d’Upassunge virzehuelen, déi als néideg ugesi ginn, fir de schoulesche Fortschrëtt vum Schüler sécherzestellen.
D’CI leet eng Bezuchspersoun fir all Schüler fest. Dës Persoun ass den Uspriechpartner fir de Schüler a seng Elteren.
D’CI ka sech mam schrëftlechen Accord vun den Elteren och un d’Commission nationale d’inclusion (CNI) wenden, wa se der Usiicht ass, datt de Schüler eng spezialiséiert Betreiung brauch.