You need to enable JavaScript in order to use the AI chatbot tool powered by ChatBot Kontakt – Inclusion scolaire

Hutt Dir Froen zum Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen ?

    *Flichtfelder
    Dir sidd*

    De Service national de l’éducation inclusive (SNEI)

    De Service national de l’éducation inclusive (SNEI) ass eng Verwaltung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi d’Missioun huet, déi inklusiv Educatioun ze fërderen an d’Qualitéit vum Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen sécherzestellen.

    Eis Missiounen

    Promotioun vun der inklusiver Educatioun

    De SNEI sensibiliséiert fir inklusiv Educatioun, informéiert iwwer den Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen a koordinéiert an organiséiert Aktivitéiten, Projeten an Evenementer am Zesummenhang mat inklusiver Bildung an dem Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoine.

    Qualitéitsentwécklung vum Ënnerstëtzungssystem

    De SNEI vernetzt d’Akteuren vum Ënnerstëtzungssystem, organiséiert an ënnerstëtzt Projeten, déi an Zesummenaarbecht tëscht den eenzelnen Akteuren entstinn, engagéiert sech an der Grond- a Weiderbildung,  setzt Forschungs- an Evaluationsprojeten ëm, stellt Donnéeën a Statistiken zesummen a schafft Recommandatiounen an e Referenzkader aus fir den Ënnerstëtzungssystem fir Schüler mat spezifesche Besoinen.

    Uspriechpartner fir d’Akteure vum Ënnerstëtzungssystem

    De SNEI ënnerstëtzt als Uspriechpartner déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren, d’Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA), d’Ekippen fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB), déi spezialiséiert Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS) an d’Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS).

    Déi heefegst Froen

    Ass et méiglech, eng Demarche online an d'Weeër ze leeden?
    Als Elterendeel oder groussjärege Schüler kënnt Dir verschidden Demarchen online an d'Weeër leeden an déi zoustänneg Kommissioun mat Ärer Demande befaassen, fir datt d'Besoinen analyséiert a gëeegent Moossnamen ageleet kënne ginn. D'Online-Demarchë mussen iwwer myeduguichet.lu agereecht ginn, eng geséchert Plattform vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi fir Elteren a groussjäreg Schüler aus dem Lëtzebuerger Educatiounssystem zougänglech ass.
    Wéi kréien déi betraffe Leit d'räsonabel Amenagementer, déi vun der CAR accordéiert ginn, matgedeelt?
    D'CAR schéckt déi offiziell Decisioun per Post un d'Elteren oder de groussjärege Schüler. De President vun der CAR deelt dem Direkter vum Lycée, der Inklusiounskommissioun vum Lycée an der Bezuchspersoun d'Decisioun per E-Mail mat. Wann et sech ëm e Schüler vun enger Ofschlossklass handelt, schéckt d'CAR och eng E-Mail un de Regierungskommissär.
    Wat ass eng CI?
    All regional Grondschouldirektioun an all Lycée huet eng Inklusiounskommissioun (CI). Si huet als Aufgab, d'Elteren iwwer déi verschidde Betreiungsmoossnamen, déi proposéiert ginn, ze informéieren an ënner Ëmstänn déi jeeweils gëeegent Moossname fir de Schüler ze bestëmmen. D'CI ka sech mam schrëftlechen Accord vun den Elteren och un d'Commission nationale d'inclusion (CNI) riichten, wa se der Meenung ass, datt de Schüler eng Fachbetreiung brauch. Ënner der Konditioun, datt d'Elteren oder de groussjärege Schüler hiren Accord ginn hunn, kann d'CI vun engem Lycée d'Commission des aménagements raisonnables (CAR) mat abezéien, wa si der Meenung ass, datt räsonabel Amenagementer fir de Schüler noutwendeg sinn.
    Wat fir eng Ënnerstëtzung gëtt Schüler mat spezifesche Besoine bei hirem Iwwergang an d'Beruffsliewen ugebueden?
    D'Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA) ass den Intermediaire tëschent de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren, de Schoulen an dem regulären a geschützten Aarbechtsmaart. Hir Aufgab besteet doran, déi berufflech Insertioun vu Jonke mat spezifesche Besoinen, déi vun engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum betreit ginn, ze erliichteren.