You need to enable JavaScript in order to use the AI chatbot tool powered by ChatBot Demarchen – Inclusion scolaire

Virun enger Online-Demarche

Éier Dir eng Online-Demarche an d’Weeër leet, gëtt recommandéiert, dem Schüler seng Situatioun mam Titulaire vun der Klass an deenen anere Membere vun der pedagogescher Ekipp vun der Schoul oder mam Regent an den Enseignantë vum Lycée ze beschwätzen.

Déi proposéiert Online-Demarchë riichten sech exklusiv u Schüler aus den ëffentleche Schoulen zu Lëtzebuerg esouwéi u Schüler aus Privatschoulen, déi vum Staat subventionéiert ginn an déi offiziell Programmer uwenden.  Fir d’Schüler, déi an enger Privatschoul ageschriwwe sinn, déi en anere Programm uwent, kontaktéiert Dir am beschten direkt déi betreffend Schoul.

Fir d’Schüler aus der Grondschoul

Inklusiounskommissioun (CI) an der Grondschoul
All regional Grondschouldirektioun huet eng Inklusiounskommissioun (CI). Dir kënnt Iech un dës Kommissioun wenden, fir:

  • déi spezifesch Besoine vum Schüler analyséieren ze loossen;
  • Moossnamen, déi op d’Besoine vum Schüler ofgestëmmt sinn, an der Schoul ëmzesetzen

Commission nationale d’inclusion (CNI)
D’Commission nationale d’inclusion (CNI) ka mat all Demande befaasst ginn, déi op den Asaz vun engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum ofzielt.

Éier Dir d’Commission nationale d’inclusion (CNI) mat enger Demande befaasst, gëtt recommandéiert, dem Schüler seng Situatioun mat der Inklusiounskommissioun (CI) ze beschwätzen.

Zougang zur Online-Demarchë

Fir d’Schüler aus dem Secondaire

Inklusiounskommissioun (CI) vum Lycée
All Lycée huet eng CI. Dir kënnt Iech un dës Kommissioun wenden, fir:

  • déi spezifesch Besoine vum Schüler analyséieren ze loossen;
  • Moossnamen, déi op d’Besoine vum Schüler ofgestëmmt sinn, an der Schoul ëmzesetzen

Commission nationale d’inclusion (CNI)
D’CNI ka mat all Demande befaasst ginn, déi op den Asaz vun engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum ofzielt.

Éier Dir d’CNI mat enger Demande befaasst, gëtt recommandéiert, dem Schüler seng Situatioun mat der CI vum Lycée ze beschwätzen.

Commission des aménagements raisonnables (CAR)
D’CAR ass fir Schüler aus dem Secondaire an d’Erwuessenerbildung zoustänneg.

Éier Dir eng Demande un d’CAR areecht, gëtt recommandéiert, d’Situatioun mam CI vum Lycée ze beschwätzen.

Zougang zur Online-Demarchë

Braucht Dir zousätzlech Hëllef ?

Wann Dir Froen hutt oder Hëllef fir Är Demarche braucht, zéckt net, Kontakt opzehuelen.

Kontaktéiert eis