Fannt méi séier wat Dir sicht, andeems Dir een Filter auswielt:
Wat ass eng CI?
All regional Grondschouldirektioun an all Lycée huet eng Inklusiounskommissioun (CI). Si huet als Aufgab, d’Elteren iwwer déi verschidde Betreiungsmoossnamen, déi proposéiert ginn, ze informéieren an ënner Ëmstänn déi jeeweils gëeegent Moossname fir de Schüler ze bestëmmen. D’CI ka sech mam schrëftlechen Accord vun den Elteren och un d’Commission nationale d’inclusion (CNI) riichten, wa se der Meenung ass, datt de Schüler eng Fachbetreiung brauch.
Ënner der Konditioun, datt d’Elteren oder de groussjärege Schüler hiren Accord ginn hunn, kann d’CI vun engem Lycée d’Commission des aménagements raisonnables (CAR) mat abezéien, wa si der Meenung ass, datt räsonabel Amenagementer fir de Schüler noutwendeg sinn.
Wie kann eng Demande bei enger CI areechen?
Eng CI vun enger regionaler Grondschouldirektioun ka vun den Elteren oder dem Schoulpersonal mam schrëftlechen Accord vun den Elteren an Usproch geholl ginn.
Eng CI vun engem Lycée ka vun den Elteren oder dem groussjärege Schüler an Usproch geholl ginn. Si kann och vum Service psychosocial et d’accompagnement scolaires, vum Direkter vum Lycée oder vun der Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) vum Lycée mam schrëftlechen Accord vun den Elteren oder vum groussjärege Schüler an Usproch geholl ginn.
Wat fir eng Moossname kënne vun enger CI proposéiert ginn?
An der Grondschoul kann eng CI jee no de Besoine vum Schüler Follgendes virschloen:
- Upassung vum Unterrecht an der Klass;
- Ariichte vu räsonabelen Amenagementer;
- Participatioun vum Schüler un Entwécklungs- a Léieratelieren;
- Ënnerstëtzung an der Klass duerch Membere vun der Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB);
- Unterrecht vu bestëmmte Fächer an enger anerer Klass ewéi der Classe d’attache.
Am Lycée kann eng CI jee no de Besoine vum Schüler Follgendes virschloen:
- Upassung vum Unterrecht an der Klass;
- Upassung vum Inhalt vum Unterrecht;
- Appui;
- Betreiung vum Schüler duerch d’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB);
- Ariichte vu räsonabelen Amenagementer;
- deelweis oder komplett Ëmorientéierung op aner Bildungsweeër oder spezialiséiert Klassen.
Wat ass eng Diagnos vun de Besoinen a firwat a wéi gëtt se erstallt?
D’CI kann d’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) beoptragen, eng Diagnos vun de Besoine vum Schüler ze erstellen. Dës Diagnos liwwert Informatiounen iwwer d’Léierbedéngunge vum Schüler a beinhalt pedagogesch Recommandatiounen. Dofir kann d’ESEB ënner anerem de Schüler am schouleschen Ëmfeld beobachten, standardiséiert Tester duerchféieren, Gespréicher mat de Schüler, den Elteren, den Enseignanten, den Experten an all aner Persoun, déi de Schüler betreit oder betreit huet, féieren an dem Schüler säi Schouldossier analyséieren.
Gëtt dem Schüler säin Dossier automatesch vun enger Schoul an déi aner transferéiert?
Jo, dem Schüler säin Dossier gëtt automatesch transferéiert, et sief dann, d’Elteren oder de groussjärege Schüler géifen deem widderspriechen. Et gëtt recommandéiert, d’Inklusiounskommissioun vun der zukünfteger Schoul ze kontaktéieren, fir dem Schüler säi Wiessel ze erliichteren.
Ginn d’Moossnamen, déi vun enger CI proposéiert ginn, vun engem Joer op dat anert automatesch iwwerholl?
D’Moossname ginn all Joer iwwerpréift a wann néideg ugepasst.
Wat ass d’CNI?
D’Commission nationale d’inclusion (CNI) intervenéiert um nationalen Niveau. Hir Aufgab ass et, d’Ufroen am Hibléck op eng Fachbetreiung vun engem Schüler mat spezifesche Besoinen ze traitéieren.
D’CNI setzt sech aus 13 Memberen zesummen: engem President, engem Coordinateur, zwee Vertrieder vun de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren, engem Psycholog, engem Assistant social, dräi Vertrieder aus ënnerschiddleche Ministèren, engem Dokter, deen an der Kannerpsychiatrie oder der Pediatrie spezialiséiert ass, engem Vertrieder aus dem Collège des directeurs vun de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren an engem Sekretär.
Wat fir eng Moossname kënne vun der CNI proposéiert ginn?
D’CNI kann, nodeem se de Schülerdossier analyséiert huet, een oder méi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre beoptragen a follgend Moossname proposéieren:
- eng spezialiséiert Scolariséierung;
- eng spezialiséiert ambulant Interventioun;
- en Atelier fir spezifescht Léieren;
- Reeducatiouns- an Therapiemoossnamen.
Wann d’Besoine vum Schüler et erfuerderen, kann d’CNI och eng Aschreiwung an enger Schoul am Ausland virschloen.
Wie kann eng Demande bei der CNI areechen?
D’Inklusiounskommissiounen (CI) an de Grondschoulen a vun de Lycéeën, den Dokter, deen de Schüler behandelt, oder eng Institutioun, déi am sozialen, familiären oder therapeutesche Beräich agreéiert ass, kënne sech un d’CNI wenden, wann d’Elteren oder de groussjärege Schüler hire schrëftlechen Accord ginn hunn, virausgesat, datt déi néideg Ënnerlage virleien. Doriwwer eraus kënnen d’Elteren an déi groussjäreg Schüler och eng Demande un d’Commission nationale d’inclusion riichten.
Ech plënneren deemnächst op Lëtzebuerg a mäi Kand huet spezifesch Besoinen. Wat soll ech maachen?
Éier Dir plënnert, kontaktéiert Dir am beschten de Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA). Dëse Service erkläert lech d’Prozedur vun der Aschreiwung an hëlleft lech, déi am beschte gëeegent Schoul bzw. den am beschte gëeegente Lycée fir Äert Kand ze fannen. De SIA begleet lech och bei den nächste Schrëtt.
Telefon: (+352) 247-75274
E-Mail: secretariat.sia@men.lu
Wat geschitt, nodeem eng Demande bei der CNI agereecht gouf??
Nodeem d’Demande erakomm ass a kontrolléiert gouf, gëtt se vun de Membere vun der CNI analyséiert. Jee no de Besoine vum Schüler kann d’CNI gëeegent Moossname virschloen a se den Eltere per Post matdeelen. Falls néideg, kann d’CNI d’Eltere kontaktéieren, fir zousätzlech Informatiounen ze kréien, éier se eng Decisioun, wat d’Demande ubelaangt, treffe kann.
Mussen d’gesetzlech Vertrieder de Moossnamen, déi d’CNI virschléit, zoustëmmen?
Jo, d’gesetzlech Vertrieder mussen de Moossnamen zoustëmmen.
Wat ass d’CAR?
Der Commission des aménagements raisonnables (CAR) hir Aufgab besteet doran, iwwer räsonabel Amenagementer fir d’Schüler aus dem Secondaire an der Erwuessenebildung ze entscheeden.
D’CAR setzt sech aus siwe Memberen zesummen: engem President, engem Psycholog aus engem Lycée, zwee Enseignanten aus dem Secondaire, engem Direkter oder Sous-Direkter aus engem Lycée, engem Vertrieder aus de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren an engem Member aus dem Conseil supérieur des personnes handicapées. A bestëmmte Fäll kann och en Dokter, dee vum Gesondheetsminister agreéiert ass, e Vertrieder vum Service de la formation professionnelle oder e Regierungskommissär aberuff ginn.
Wie kann eng Demande bei der CAR areechen?
Eng motivéiert Demande ka vun enger Inklusiounskommissioun (CI) vun engem ëffentleche Lycée esouwéi vu Privatschoulen, déi vum Staat subventionéiert ginn an déi offiziell Programmer uwenden, agereecht ginn, ënner der Bedéngung, datt d’Elteren oder de groussjärege Schüler hire schrëftlechen Accord ginn hunn. Och d’Elteren oder de groussjärege Schüler kënnen eng motivéiert Demande areechen.
Wat fir eng Amenagementer kann d’CAR accordéieren?
D’CAR ka mat all Demande befaasst ginn, fir follgend räsonabel Amenagementer accordéiert ze kréien, ze änneren oder auszesetzen:
- Verlängerung vun der Zäit wärend de Prüfungen an den integréierte Projeten;
- zousätzlech Pause wärend de Prüfungen;
- Opdeelung vun de Prüfunge vum Ofschlossexamen vum Secondaire oder vun der Léier op zwou Sessiounen;
- Ofhale vun de Prüfungen op enger anerer Plaz ewéi dem Lycée, zum Beispill doheem oder an enger Ariichtung;
- Notzung vun technologeschen Hëllefsmëttel an Hëllefspersounen;
- Méiglechkeet, eng aner Sprooch (Däitsch oder Franséisch) fir d’Questionnairen oder fir d’Schreiwe vun de Prüfungen ze benotzen ewéi déi, déi an de Programmer vum Secondaire festgeluecht ass;
- Dispens fir mëndlech, praktesch a kierperlech Prüfungen oder fir e Modüll;
- temporär Opnam an enger anerer Klass ewéi der Classe d’attache fir verschidden oder all d’Fächer;
- medezinesch Untersuchung virum Zougang zu verschiddene Formatiounen;
- Ersetze vun engem Deel vun de Froen a Bewäertungsepreuven, vun engem Deel vun de Froe vum Contrôle continu, vun engem Deel vun de Froe vun de Prüfunge vum Ofschlossexamen vum Secondaire oder vun der Léier oder vun engem Deel vun de Froe vum integréierte Projet oder dem Ofschlossexamen.
Wat fir eng aner Instanze kënne räsonabel Amenagementer am Secondaire accordéieren?
Eng Inklusiounskommissioun (CI) ka follgend Amenagementer accordéieren (ausser fir d’Ofschlossklassen):
- Upassung vum Klassesall a vun der Sëtzplaz vum betreffende Schüler;
- Bereetstelle vun engem separate Raum fir d’Prüfungen oder d’Examen;
- ugepasst Presentatioun vun de Questionnairen.
Eng Inklusiounskommissioun (CI) ka follgend Amenagementer an Ofsprooch mam Conseil de classe accordéieren (ausser fir d’Ofschlossklassen):
- Dispens vun engem Deel vun de Prüfungen, déi wärend engem Trimester oder Semester virgesi sinn;
- Ersetze vun engem Deel vun de Prüfungen, déi virgesi sinn, duerch eng eenzeg Prüfung zum Schluss vum Trimester oder Semester;
- Bewäertung vum gesamte Schouljoer op der Grondlag vun de Resultater vun engem oder zwee Trimesteren oder vun engem Semester.
Wéi laang gëllen d’räsonabel Amenagementer, déi vun der CAR accordéiert ginn?
D’räsonabel Amenagementer, déi vun der CAR decidéiert ginn, lafen am Prinzip weider, bis de Schüler an d’Ofschlossklass kënnt. D’CAR kann awer eng Neibewäertung vun de räsonabelen Amenagementer duerchféieren, wa se dat fir noutwendeg hält.
Fir déi Schüler an der Ofschlossklass, déi schonn eng Kéier vu räsonabelen Amenagementer profitéiert hunn, mussen d’Elteren oder de groussjärege Schüler spéitstens bis den 30. September vum lafende Schouljoer eng nei Demande areechen.
Wéi kréien déi betraffe Leit d’räsonabel Amenagementer, déi vun der CAR accordéiert ginn, matgedeelt?
D’CAR schéckt déi offiziell Decisioun per Post un d’Elteren oder de groussjärege Schüler.
De President vun der CAR deelt dem Direkter vum Lycée, der Inklusiounskommissioun vum Lycée an der Bezuchspersoun d’Decisioun per E-Mail mat. Wann et sech ëm e Schüler vun enger Ofschlossklass handelt, schéckt d’CAR och eng E-Mail un de Regierungskommissär.
Wien ass fir d’Ëmsetzung vun de räsonabelen Amenagementer, déi vun der CAR oder enger Inklusiounskommissioun aus dem Secondaire accordéiert ginn, verantwortlech?
D’Inklusiounskommissioun (CI) aus dem Lycée suergt fir d’Ëmsetzung vum individualiséierten (Aus-)Bildungsplang (PFI), an deem d’räsonabel Amenagementer opgelëscht sinn.
Stinn d’räsonabel Amenagementer um Diplom?
D’räsonabel Amenagementer stinn net op de Certificaten an den Diplomer, déi fir all d’Schüler, déi d’Prüfunge bestan hunn, identesch sinn.
Op den Zousätz zu den Diplomer an de Certificaten esouwéi op de betreffenden Zensure sti follgend räsonabel Amenagementer:
- systematesch Notzung vun technologeschen Hëllefsmëttel;
- Benotzung vun enger anerer Sprooch (Däitsch oder Franséisch) ewéi déi, déi an de Programmer festgeluecht ass;
- Dispense fir mëndlech, praktesch oder kierperlech Prüfungen oder fir e Modüll;
- Amenagementer a Bezuch op en Haaptfach vun der Ofschlossklass oder den integréierte Projet.
Ginn d’räsonabel Amenagementer an der Ofschlossklass automatesch iwwerholl?
Neen. Fir Schüler an der Ofschlossklass, déi schonn eng Kéier vu räsonabelen Amenagementer profitéiert hunn, mussen d’Elteren oder de groussjärege Schüler spéitstens bis den 30. September vum lafende Schouljoer eng nei Demande areechen.
Wat geschitt, nodeem eng Demande bei der CAR agereecht gouf?
Nodeem d’Demande erakomm ass a kontrolléiert gouf, luet d’CAR d’Elteren, de Schüler an d’Bezuchspersoun op eng Reunioun an, déi der Decisioun vun der CAR virausgeet.
Ginn d’räsonabel Amenagementer, déi d’CAR decidéiert, automatesch iwwerholl, wann de Schüler de Lycée wiesselt?
Ausser wann d’Elteren oder de groussjärege Schüler dem Transfert vum Dossier widderspriechen, ginn d’räsonabel Amenagementer automatesch vum neie Lycée iwwerholl.
Ginn d’räsonabel Amenagementer, déi vun enger Inklusiounskommissioun an der Grondschoul accordéiert ginn, automatesch iwwerholl, wann de Schüler an de Secondaire kënnt?
D’räsonabel Amenagementer, déi an der Grondschoul ageriicht goufen, ginn net automatesch am Lycée iwwerholl. Dofir muss eng nei Decisioun geholl ginn.
Beim Iwwergang vum Fondamental (Grondschoul) an de Secondaire (Lycée) gëtt dem Schüler säi Schouldossier automatesch bei der Aschreiwung an den neie Lycée transferéiert (ausser, wann d’Elteren deem widderspriechen).
Wann am Lycée räsonabel Amenagementer néideg sinn, mussen d’Eltere bei der Inklusiounskommissioun vum betreffende Lycée eng Demande areechen.]
Wat sinn déi verschidde spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren a wat sinn hir Aufgaben?
Zu Lëtzebuerg gëtt et aacht spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren an eng Agence pour la transition vers une vie autonome.
De Centre pour le développement des compétences langagières, auditives et communicatives (Centre de logopédie) (CL) riicht sech un d’Schüler, déi Schwieregkeete beim Schwätzen an/oder eng auditiv Beanträchtegung hunn.
De Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV) riicht sech un d’Schüler, déi spezifesch Besoinen, wat hir Siicht ubelaangt, hunn.
De Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE) riicht sech u Schüler mat Verhalensstéierungen.
De Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) riicht sech u Schüler mat enger Lies-, Schreif- oder Rechestéierung oder mat enger Stéierung, déi domat verbonnen ass.
De Centre pour le développement moteur (CDM) geet op déi spezifesch Besoine vu Schüler mat enger Behënnerung an, déi op eng kierperlech oder motoresch Beanträchtegung oder e Retard vun der motorescher Entwécklung zeréckzeféieren ass.
De Centre pour le développement intellectuel (CDI) betreit Schüler mat Stéierungen an der intellektueller Entwécklung.
De Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA) betreit Schüler mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung.
De Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP) huet als Zil, déi héichbegaabt Schüler ze ënnerstëtzen.
Wat fir eng Moossname proposéieren déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren?
D’Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA) huet als Zil, op fräiwëlleger Basis déi berufflech Insertioun vu Jonke mat spezifesche Besoinen, déi vun engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum betreit ginn, ze erliichteren.
Jee no Schoulniveau kënnen déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren ënnerschiddlech Moossnamen ubidden, fir op dem Schüler seng Besoinen anzegoen:
- spezialiséiert Diagnos;
- Berodung;
- Ateliere fir spezifescht Léieren;
- Reeducatiouns- an Therapiemoossnamen;
- spezialiséiert ambulant Interventioun (ISA);
- spezialiséiert Scolariséierung.
Kaschten d’Servicer, déi vun de Kompetenzzentren duerchgeféiert ginn, eppes?
D’Servicer vun de Kompetenzzentre kaschten näischt.
Gëtt eng spezialiséiert Diagnos fir all Schüler duerchgeféiert?
Nee, eng spezialiséiert Diagnos gëtt just duerchgeféiert, wann e Besoin besteet.
Kann ee Schüler vu méi spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentre betreit ginn?
Jo, ee Schüler ka vu méi spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentre betreit ginn, wann dem Schüler seng Situatioun et rechtfertegt.
Wat ass den Zousaz zum Dossier d’évaluation oder zur Zensur?
Den Zousaz zum Dossier d’évaluation oder zur Zensur gëtt vum spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum opgesat, dee fir d’spezialiséiert ambulant Interventioun oder d’spezialiséiert Scolariséierung vum jeeweilege Schüler zoustänneg ass. Domat gëtt dem Schüler säi schoulesche Parcours unerkannt. En dokumentéiert seng Acquisen, seng Participatioun u schouleschen an ausserschouleschen Aktivitéiten a seng sozial a perséinlech Kompetenzen, fir esou seng Efforten e valoriséieren.
Wat fir eng Ënnerstëtzung gëtt Schüler mat spezifesche Besoine bei hirem Iwwergang an d’Beruffsliewen ugebueden?
D’Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA) ass den Intermediaire tëschent de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren, de Schoulen an dem regulären a geschützten Aarbechtsmaart. Hir Aufgab besteet doran, déi berufflech Insertioun vu Jonke mat spezifesche Besoinen, déi vun engem spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentrum betreit ginn, ze erliichteren.
Kënnen de Schüler mat spezifesche Besoinen ugepasst Versioune vu Schoulbicher zur Verfügung gestallt ginn?
Wann eng spezialiséiert Diagnos vun engem Kompetenzzentrum virläit, kënnen de Schüler ugepasst digital Bicher zur Verfügung gestallt ginn, wa se:
- blann sinn;
- eng visuell Beanträchtegung hunn;
- eng Beanträchtegung vun der Perceptioun oder Liesschwieregkeeten hunn;
- wéinst engem kierperlechen Handicap net an der Lag sinn, e Buch an der Hand ze halen oder ze benotzen oder d’Aen esou ze fixéieren oder ze beweegen, datt d’Liese grondsätzlech méiglech ass.
Kann e Schüler mat spezifesche Besoine vun engem ugepasste Schoultransport a gegeebenenfalls vun enger spezifescher Begleedung profitéieren?
Jo, e Schüler mat spezifesche Besoine ka vun engem reegelméissege speziellen Transport an enger individueller Begleedung wärend dem Transport profitéieren.
De speziellen Transport kann op Virschlag vun enger Inklusiounskommissioun an der Grondschoul oder am Secondaire esouwéi der Commission nationale d’inclusion ageriicht ginn.
Eng individuell Begleedung gëtt eréischt nom Virschlag vun der Commission nationale d’inclusion (CNI) an der Zoustëmmung vun den Elteren/gesetzleche Vertrieder ageleet.]
Ass et méiglech, eng Demarche online an d’Weeër ze leeden?
Als Elterendeel oder groussjärege Schüler kënnt Dir verschidden Demarchen online an d’Weeër leeden an déi zoustänneg Kommissioun mat Ärer Demande befaassen, fir datt d’Besoinen analyséiert a gëeegent Moossnamen ageleet kënne ginn.
D’Online-Demarchë mussen iwwer myeduguichet.lu agereecht ginn, eng geséchert Plattform vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi fir Elteren a groussjäreg Schüler aus dem Lëtzebuerger Educatiounssystem zougänglech ass.
Ass et méiglech, datt e Schüler mat spezifesche Besoinen an engem spezialiséierten Institut am Ausland ageschoult gëtt?
Jo, mee d’Fraisen, déi sech doraus erginn, ginn nëmme vum Staat iwwerholl, wann déi Aschoulung vun der CNI op Grondlag vun de Besoine vum Schüler proposéiert gouf.