You need to enable JavaScript in order to use the AI chatbot tool powered by ChatBot Guichet – Inclusion scolaire

En hybriden an zougängleche Konzept

De Guichet baut op eng multimodal Approche mat dräi Sailen op an ass esou em 360° zougänglech.

Online Guichet

Den online Guichet bitt en zentralen Zougank zur Informatioun iwwert déi inklusiv Bildung, an dat 24 Stonnen op 24, a 7 Deeg op 7.

E proposéiert Inhalter, déi op verschidden Zilgruppen (Eltere, Schüler, Fachleit) ausgeriicht sinn, grad ewéi digital administrativ Demarchen.

Mobile Guichet

De mobile Guichet deplacéiert sech am Land, fir de Mënschen um Terrain ze begéinen. En hëlt u Veranstaltungen deel, kënnt an d’Schoulen a proposéiert ugepassten Aktivitéiten.

Reecht Är Ufroe gären iwwert de Kontaktformular eran.

Dezentrale Guichet

Den dezentrale Guichet bitt d’Méiglechkeet fir de perséinlechen Austausch  op Rendez-vous.

Schéckt eis eng Ufro fir e Gespréich iwwert de Kontaktformular, fir en Termin an Ärer Géigend ze kréien.

Eng Ekipp an Ärem Dingscht

D’Mataarbechter vum Guichet beäntwerten Är Froen a komme bei Iech op den Terrain, bei Bedarf zesumme mat themateschen Experten.

Vu lénks no riets:

  • Marine Marques, stellvertriedend Coordinatrice

  • Michèle Staus, Coordinatrice