All Kéier Anescht ass de Podcast vum SNEI fir d‘Enseignanten zu Lëtzebuerg.
All Kand ass anescht – an och de Wee duerch d’Schoul ass all Kéier anescht. Entwécklungsrhythmen, Stäerkten an Erausfuerderunge variéieren a verlaangen ugepassten Approchen.
De Podcast bitt konkret Strategien an Orientéierung fir de Schoulalldag mat Schüler mat spezifesche Besoinen.
An eiser éischter Serie „Schüler am Autismus-Spektrum – Alldag an der Schoul“, realiséiert a Kooperatioun mam Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA), exploréiere mir déi vill Gesiichter vum Autismus am Bildungskontext.
Episod 1 – Wat ass iwwerhaapt Autismus?
Wat ass Autismus? Wéi erkennt een éischt Unzeechen, a wéi veränneren se sech am Jugendalter? Den Dr. Jean‑François Vervier (Service national de pédopsychiatrie) an de Julien Gonçalves (Fondation Autisme Luxembourg) ginn Äntwerten a weisen, wéi sech d’Situatioun zu Lëtzebuerg entwéckelt huet a wéi eng Schlësselroll Enseignanten am Schoulalldag spillen.
Lauschtert déi éischt Episod:
D’Episod 1 ass och op Apple Podcast disponibel.
Episod 2 – Wat sinn Erausfuerderunge bei der Beschoulung vun engem Schüler mat TSA – a wéi kann een domat ëmgoen ?
Am zweeten Episod vun All Kéier Anescht gi mir der Fro no, wat d’Beschoulung vun engem Kand mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung usprochsvoll mécht a wéi een domat ëmgoe kann. D‘ Alexandra Weffling, Joffer am Fondamental, an d‘ Caroline Hoffmann (CTSA) ginn en Iwwerbléck iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi bei der Beschoulung vun engem Kand mat TSA optriede kënnen a schwätzen iwwert konkret Situatiounen a strukturéiert Approchen, déi Enseignanten am Alldag ënnerstëtze kënnen.
Lauschtert déi zweet Episod:
D’Episod 2 ass och op Apple Podcast disponibel.
Episod 3 – Sozial Entwécklung a Klassendynamik bei Schüler am Autismus-Spektrum
An der drëtter Episod vun All Kéier Anescht gi mir der Fro no, wéi sech sozial Kompetenze bei Schüler am Autismus-Spektrum entwéckelen a wéi eng positiv Klassendynamik gefërdert ka ginn. D’Sabrina Mammola, Enseignante am Fondamental, an d’Tanja Zahles (CTSA) ginn Ablécker an d’sozial Entwécklung a weisen, wéi Enseignanten Interaktioun a Participatioun am Alldag gezielt ënnerstëtze kënnen.
Lauschtert déi drëtt Episod:
D’Episod 3 ass och op Apple Podcast disponibel.
Episod 4 – Kommunikatioun bei Schüler am Autismus-Spektrum
An der véierter Episod vun All Kéier Anescht gi mir der Fro no, wéi Schüler am Autismus-Spektrum kommunizéieren a wéi een dës Kommunikatioun am Schoulalldag gezielt ënnerstëtze kann. D’Cécile Herkrath, Pedagogin am CTSA, an d’Louise Girst, Orthophonistin am CTSA, schwätzen iwwer verschidde Forme vu Kommunikatioun an Approchen, déi hëllefen, Versteesdemech an Austausch am Alldag ze fërderen.
Lauschtert déi véiert Episod:
D’Episod 4 ass och op Apple Podcast disponibel.
Episod 5 – Sensorik bei Schüler am Autismus-Spektrum
An der fënnefter Episod vun All Kéier Anescht gi mir der Fro no, firwat Sensorik eng esou wichteg Roll am Schoulalldag vu Schüler am Autismus-Spektrum spillt a wéi sensoresch Strategien hëllefe kënnen. Déi zwou Ergotherapeutinnen Arlette Eschbour (SRP) a Laura Juncker (CTSA) schwätzen iwwer sensoresch Besoinen an Approchen, déi Wuelbefannen, Participatioun a Léieren am Alldag ënnerstëtzen kënnen.
Lauschtert déi fënneft Episod:
D’Episod 5 ass och op Apple Podcast disponibel.
Episod 6 – Den Iwwergang an de Jugend- an Erwuessenenalter
An der sechster Episod vun All Kéier Anescht gi mir der Fro no, wéi Schüler am Autismus-Spektrum den Iwwergang an de Jugend- an Erwuessenenalter erliewen a wéi si dobäi begleet kënne ginn. D’ Nathalie Oberweis (Autisme Luxembourg), an d’ Sandy Vidale (CTSA) schwätzen iwwert Erausfuerderunge vun dëser Liewensphas an Approchen, déi Jugendlecher, Familljen an d’Schoul op dësem Wee ze ënnerstëtzen.
Lauschtert déi sechst Episod: