Bengel oder net,
ech maache mat
an der Klass!

Lëtzebuerg mécht d’schoulesch Inclusioun zu enger Prioritéit. Entdeckt eis Hëllefsmoossname fir Schüler mat spezifesche Besoinen.

Broschür eroflueden

E Blannestack, dee an engem Klassesall géint eng Schoulbänk ugeleent ass

Rollstull oder net,
ech presentéiere
mäin Exposé!

Lëtzebuerg mécht d’schoulesch Inclusioun zu enger Prioritéit. Entdeckt eis Hëllefsmoossname fir Schüler mat spezifesche Besoinen.

Broschür eroflueden

En eidele Rollstull, fotograféiert an engem Klassesall

Héiergerät oder net,
ech léiere
rechnen!

Lëtzebuerg mécht d’schoulesch Inclusioun zu enger Prioritéit. Entdeckt eis Hëllefsmoossname fir Schüler mat spezifesche Besoinen.

Broschür eroflueden

En Hörgerät, fotograféiert op enger Schoulbänk an engem Klassesall

Schoulesch Inclusioun

Upassung vum Unterrecht, Begleedung vu Schüler mat spezifesche Besoinen, Ariichte vun engem speziellen Dispositif: Zil vum Lëtzebuerger Educatiounssystem ass et, d’Diversitéit vu jiddwerengem ze berécksiichtegen an d’Schoul un déi spezifesch Besoine vun all Schüler unzepassen. Op déi Manéier soll de Schüler erméiglecht ginn, hir Schoulausbildung an hirer Klass an der Grondschoul oder am Lycée fortzesetzen, wa sou eng Inklusioun méiglech ass a vum Schüler a vun den Eltere gewënscht gëtt.

Grondschoul
 
D’Grondschoul bitt spezifesch Hëllefsmoossnamen. Entwécklungs- a Léieratelieren, Ënnerstëtzung an der Klass, et gi vill Dispositioune getraff an ëmgesat.

Méi dozou

Enseignement secondaire

Wa Lycéesschüler spezifesch Besoinen hunn, kënnen hinne verschidde Moossnamen ugebuede ginn: Upassung vum Unterrecht, räsonabel Amenagementer a villes méi ...

Méi dozou

Kompetenzzentren

D’spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre (Centres de compétences en psycho-pédagogie spécialisée) riichte sech u Schüler mat spezifesche Besoinen an hir Elteren, déi zousätzlech zu de Moossnamen, déi an der Schoul ugebuede ginn, op spezialiséiert Prestatiounen zeréckgräife wëllen.

Centre de logopédie (CL)

Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV)

Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE)

Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA)

Centre pour le développement moteur (CDM)

Centre pour le développement intellectuel (CDI)

Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA)

Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)